Violatioun vum BeruffsgeheimnisDouanier zu Geldstrof veruerteelt

RTL Lëtzebuerg
Zu enger Geldstrof vun 3.000€ gouf en Douanier veruerteelt, deen en Donneschdeg wéinst Violatioun vum Beruffsgeheimnis de Prozess gemaach kritt hat.
© AFP Archivbild

Et gouf him virgehäit, am Februar 2013 op engem Bal e Mann, deen an Drogenaffäre verwéckelt war, gewarnt ze hunn, dass säin Telefon géif ofgelauschtert ginn. Am Prozess hat den Douanier gesot, hien hätt deem Mann wëllen Angscht maachen, ouni eppes vun enger Enquête géint dee gewosst ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO