D'Initiativ war ganz am Kader vun enger internationaler Zesummenaarbecht, déi zanter gutt 2 Joer uechter ganz Europa duerchgefouert gëtt. Dëst Joer gouf ënner anerem zu Lëtzebuerg kontrolléiert.
De Pascal Grisius ass Deel vun enger 40-Mann staarker Ekipp. Mat den Douane-Kollegen aus 9 Länner, dorënner och Frankräich, Holland an Spuenien, goufe Camionen duerchsicht, déi chemesch oder physesch Objete gelueden haten, déi geféierlech fir de Mënsch oder d'Ëmwelt kéinte ginn.
A se hunn e puer schwaarz Schof fonnt: "Den Arimage war guer net ginn hei, ewéi der gesitt. Déi Gurter hänken einfach do a séchere guer näischt. Am Transport vu geféierlechem Gutt ass den Arimage extreemst wichteg. An dësem Fall ass et en brennbare flëssege Stoff."
Et versteet sech vum selwen, ewéi wichteg dës Kontrolle sinn. An der Moyenne ginn 30 Camionen d'Woch zu Lëtzebuerg kontrolléiert. D'Ofséchere vun den Gidder, ewéi an dësem Fall, ass méi dacks e Problem: "Wann hien hei an en Stau fiert an eng Vollbremsung muss maachen, bréngt e sech a Gefor, vue datt näischt geséchert ass, ka sech déi Luedung no vir beweegen. Oder se kippen an bei engem Accident an da leien d'Objeten op der Strooss.“
Hei krut den Chauffeur en Avertissement taxé vun 145 Euro an en dierf net méi weider fuere bis datt d'Wuer gutt geséchert ass. D'Kontrolle ware bis elo e grousse Succès. "Mir hu 37 Camione kontrolléiert. Do hu mer 23 Avertissementer geschriwwen an déi och direkt op der Plaz misste bezuelt ginn. Do konnt de Chauffeur dann och direkt nees weiderfueren. Mir haten 4 Immobilisatiounen: 3 mol, well d'Camionen net richteg geluede waren an eemol, well d'Pabeieren net konform waren.“