
Zejoert huet MyGuichet.lu mat 3,8 Milliounen Demarchen de perséinleche Rekord gebrach. Fir méiglechst transparent ze sinn an d’Plattform Benotzer-frëndlech ze maachen, gouf elo en neien Tool entwéckelt, nämlech de Knäppchen “Zesumme vereinfachen”. Dëse Button kann ee vun en Dënschdeg un op verschidde Sitten, wéi beispillsweis guichet.lu uklicken, fir Verbesserungsvirschléi ze maachen. Demarchen, déi schwéier ze fanne sinn, wou eventuell onnéideg Dokumenter ugefrot sinn, alles dat kann een dann als Feedback iwwer “Zesumme vereinfachen” mat engem perséinlechen Account erareechen. Den Internetsite selwer kann een awer och ouni perséinlechen Account consultéieren.
Den Digitalisatiounsminister huet donieft och déi nei Applikatioun GouvID virgestallt. Déi wier néideg ginn, well déi meeschte Leit administrativ Demarchen iwwert den Handy maachen an net méi um Computer. Wann een eng Carte d’identité mat engem Chip huet, kann ee sech iwwert den Handy identifizéieren, andeems een d’Kaart op den Handy hält. Et brauch een also fir d’Identifikatioun mat der Carte d’identité kee spezielle Kaartelieser méi. Dat géing d’Prozedur vereinfachen. Bis ewell ass den Chip, deen dofir virgesinn ass, op ronn 85.000 Identitéitskaarte schonn aktivéiert, esou de Marc Hansen. Wien nach eng al Kaart ouni Chip huet, kann awer bei der Gemeng eng nei ufroen, och wann déi al nach net ofgelaf ass.