Polemik, wou all Problematik matenee vermëscht gëttD'Paulette Lenert reagéiert op d'Kritik vun der CSV un der Gesondheetspolitik

Roy Grotz
D'CSV hat e Méindeg nawell net mat Kritik un den Dossieren iwwert d'soins partagé an iwwert de virage ambulatoire gespuert.

An enger Reaktioun vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert heescht et e Méindeg de Mëtteg, dass d’Aussoe vun der CSV eng Polemik wier, wou all Problematik just mateneen vermëscht gëtt.

Sou hätt d’Paulette Lenert de Fonctionnement vum “dossier de soins partagé” esou ze respektéieren, wéi d’Chamber e gestëmmt hätt, och wann een dee sécherlech nach kéint verbesseren. Wat de “virage ambulatoire” ugeet, wier e Gesetzesprojet ënnerwee, seet d’LSAP-Ministesch an enger schrëftlecher Reaktioun géintiwwer vun RTL. D’Gesetz géif et ville lokale Gesondheetszenteren erméiglechen, mat engem Spidol zesummenzeschaffen, sou datt och d’Garden assuréiert wieren.
Iwwert de Lien mam Spidol sollen d’Qualitéit an d’Accessibilitéit garantéiert ginn, zemol bei deiere medezineschen Apparater iwwer 250.000 Euro, wéi zum Beispill IRMen.

Zil wier et der Paulette Lenert no e bescht-méiglechen Zerwiss fir Jiddereen ze bidden, ouni de komplette System wéi en lo besteet “iwwer Bord ze geheien”.
Et géif lo vun der Ministesch op d’Kriticken vum Staatsrot reagéiert an nogebessert, sou d’Paulette Lenert. Dowéinst sollt ee lo net “alles schwaarz molen”.

Back to Top
CIM LOGO