
En Dar am Aen ass der CSV de Gesetzesprojet, deen ënnert anerem d‘ Exploitatioun vum IRM um Potaschbierg reegele soll. Dee funktionéiert jo elo ënnert dem CHL, sou dass Patienten do vun der CNS kënne rembourséiert ginn. Dass de Santésministère awer weiderhin esou privat Exploitatiounen net autoriséiere wëllt, wier de falsche Wee, a géif de libre exercice vun den Dokteren aschränken. Als CSV géing een do op en anere Wee goen, an esou Projeten erlaben, ouni déi betreffend Etablissementer ënnert eng Tutelle ze stellen. Allerdéngs misst een dee Moment kucken, dass privat Leeschtungen de Patient net méi kaschte wéi an engem Spidol.
Problematesch fënnt d’CSV och de rezenten Eclat tëscht der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD, der CNS an der Santé. Hei goung et em d’Digitalisatioun, a wéi déi an Zukunft am Gesondheetssecteur eenheetlech kéint funktionéieren. Op der enger Säit proposéiert d’AMMD eng Gesondheetsapp. Op der anerer Säit besteet d’Agence e-Santé op hirem elektronesche Patientendossier, dee vun der AMMD awer staark kritiséiert gëtt.
An deem Dossier wier villes verschlof ginn, fënnt d’CSV. D’Gesondheetsministesch géing duerch hir “Net-Decisiounen” an dësem Fall e wierkleche Fortschrëtt blockéieren: Den digitale Patientendossier géing net sou funktionéiere wéi e soll, d’Patiente kéinten nach ëmmer net direkt hir Rechnunge rembourséiert kréien.
Alles an allem géing den Dialog am Secteur net funktionéieren, ma d’Gesondheetsministesch géing stuer viru fueren, iwwerdeems den Accès op medezinesch Leeschtungen net fir all Patiente garantéiert wier a wichteg Entwécklungen verschlof géingen.