
Scho laang virun de Wale wieren d’Piraten ëmmer nees drop higewise ginn, wat alles am Behënnertesecteur net géing klappen, seet de Beoptraagte vu der Partei fir Inclusioun an Handicap, de Raymond Remakel. D’Piraten hunn dofir e Mëttwoch hir Propose fir Reforme presentéiert. D’Tutelle misst flexibiliséiert ginn, fir se un ënnerschiddlech Situatiounen unzepassen. Doriwwer eraus missten et och Changementer bei der Remuneratioun vun der geleeschten Aarbecht an den Ateliers protégés ginn, seet de Raymond Remakel.
“Mir sinn der Meenung, dass och eng Persoun an engem Atelier protégé, wann en eng gewëssen Unzuel u Joren do geschafft huet, och soll de Salaire qualifié kréien. Dass se och soll Urecht op eng Primm hunn, en 13. Mount, alles déi Rechter, déi dir a mir all hunn. An engem Atelier protégé huet een déi net.”
Awer och Handicap a Mobilitéit war ee vun de Sujeten. D’Elektromobilitéit wier d’Zukunft. Verschidde Saachen hätt een awer net duerchduecht.
“Et kann ee jo net verlaangen, dass e Rollstullfuerer, dee méi Plaz brauch, fir eraus ze klammen, op déi normal Elektroluedstatioun geet. Wann dann en aneren Auto bäifiert, da kënnt en net méi mam Rollstull duerch an ass blockéiert. Dat si jo och keng Zoustänn.”
D’Pirate fuerderen dann och nach eng grondleeënd Reform vum Adapto-Service. Net gutt wier zum Beispill, dass d’Trajete limitéiert sinn, et Aschränkunge bei den Horairë ginn, an ee säi Fürerschäi muss ofginn, fir kënnen den Adapto ze notzen.