Nationale Walprogramm presentéiertD'Pirate fuerderen eng Steierreform an eng Wunnengsbauoffensiv

RTL Lëtzebuerg
"Gerecht Léisunge fir haut a muer". Dat ass de Slogan vun de Pirate fir d'Chamberwalen am Oktober.
D'Pirate fuerderen eng Steierreform an eng Wunnengsbauoffensiv
“Gerecht Léisunge fir haut a muer”. Dat ass de Slogan vun de Pirate fir d’Chamberwalen am Oktober.

Bei deene kënne si den aktuelle Sondagen no op bis zu 5 Sëtz hoffen. Ma virun de Wale, brauch et allerdéngs als éischt Mol e Walprogramm. Fir deen ze presentéieren huet d’Partei en Donneschdeg den Owend op Réimech op e Schëff invitéiert.

Et wéilt een net nëmme Probleemer benennen, mä och Léisungen offréieren huet et um Ufank vum Owend vum nationale Spëtzekandidat Sven Clement geheescht.

Den éischte Punkt, deen een ugoe wéilt wier dee vun der Steierreform, sou de Sven Clement: “D’Pirate sti kloer fir eng gerecht Steierreform. Mir fuerderen d’Ofschafe vun de Steierklassen an domadder eng Besteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus, onofhängeg dovunner, a wéi eng Alterstranche se fält.”

Konkret stellen d’Pirate sech eng negativ Akommessteier vir, bei där um Ufank wann ee wéineg verdéngt Sue vum Staat kréich an um Enn, wann ee méi verdéngt Sue bezuele misst. Dëse System géif 90 % vun de Menagen entlaaschten, dat hätt Steierverwaltung am Kader vun engem Steierdebat zejoert an der Chamber scho virgerechent. Géigefinanzéiert soll dat ganzt iwwer d’Steieren op den Akommes, déi
bei iwwer 200.000 € d’Joer leien, ginn.

Bei der Kannerbetreiung gëtt d’Ausbezuele vun engem bore Cheque service d’acceuil gefuerdert. Sou dass jidderee selwer decidéiere kéint, ob e seng Kanner an eng Struktur wëll ginn oder se selwer versuerge wëll.

Bei der bannenzegster Sécherheet géif kloer an enger staarker Presenz vun enger nationaler Police op de Stroosse leien. Fir d’Iddie vun enger Gemengepolice gouf et en Donneschdeg eng kloer Ofso.

Weiderhi, bréicht et eng oppen an digital Ekonomie. D’Grënne vun enger eegener Firma misst vereinfacht ginn. Et bréicht een en nohaltegen, ëmweltfrëndleche Wuesstem.

Beim Logement, bréicht et eng Wunnengsbauoffensiv bei där de Staat selwer baut an zum Marchéspräis Wunnengen akeeft. Et géing net drëms goen, Promoteure räich ze maachen, mä dorëms Wunnengen ze mobiliséieren, déi eidel stinn. D’Pirate stinn dann och weiderhin hannert der Fromule vum Locateur-acquéreur. Et misst een de Leit e Wee opweisen, fir Proprietär ze ginn.

Beim drëtten Alter misst een den universellen Zougang zu Fleege- an Altersheemer garantéieren.

Schliisslech wéilt een de Bierger méi Moyenne ginn, fir um politesche Prozess ze participéieren.

De Walprogramm vun de Pirate gouf dann en Donneschdeg unanime ugeholl.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO