Walprogramm presentéiertD'Piraten hunn op hire Kongress zu Péiteng invitéiert

Jeannot Ries
Fënnef Woche virun de Gemengewalen hunn d'Piraten hir 218 Kandidaten aus 27 Gemengen an de Kader-Walprogramm presentéiert.
De Kongress vun de Piraten
Fënnef Woche virun de Gemengewalen hunn d’Piraten hier 218 Kandidaten an de Kader-Walprogramm presentéiert.

D’Partei, déi den Ament a just dräi Gemengeréit vertrueden ass, trëtt den 11. Juni an 13 Proporz-Gemenge mat komplette Lëschten un. Dobäi kommen nach Kandidaten an 13 Majorz-Gemengen. Geografesch läit de Schwéierpunkt um Süden a Weste vum Land.

Kongress vu Pirate-Partei / Reportage Dany Rasqué

Déi 27 Gemenge sinn uechter d’ganz Land verdeelt an ee Pirat huet et och scho bis an de Conseil gepackt, nämlech zu Viichten. An där Gemeng ginn et just esou vill Kandidate wéi Sëtz, esou datt him säi Mandat domat scho sécher ass.

Bei engem eenzege soll et awer net bleiwen. D’Piraten hu Vertrauen an hire Succès, ënnersträicht de Sven Clement an de Marc Goergen verréit d’Geheimnis vu senger Partei: “Mir wëllen net nëmme vun uewen erof eppes proposéieren, mä vun ënnen erop. Bei eis ass et esou, datt d’Membere kënne matbestëmmen an datt jidderee soll kënne matbestëmmen. Dat ass e groussen Ënnerscheed an et ass och dat, wat mer an d’Sektioune weiderginn: dass jidderee gläich ass an net een iwwert deenen anere steet.”

Eng vun de Piraten hire ganz grousse Prioritéiten ass et, d’Biergerbedeelegung ze stäerken an deenen eng Stëmm ze ginn, deenen elo net nogelauschtert gëtt. Dofir soll et an all Gemeng e Biergerrot ginn. Den Tommy Klein:

“Et gëtt Zäit, datt an all Gemeng, wou mer untrieden, e Pirat an de Gemengerot kënnt, fir datt mer endlech de Bierger nolauschteren an datt et richteg Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg gëtt. “

D’Piraten hu wëlles an deenen nächste 14 Méint vill vu sech schwätzen ze dinn, wéi de Sven Clement ënnersträicht. Bei de Gemengewalen, de Chamberwalen an net ze vergiessen, dat anert Joer bei den Europawalen.

“Ganz éierlech, wann eng Europadeputéiert zwee mol ka sanktionéiert gi vun hirem Parlament, dee Sëtz muss verluer goen. Op dee Sëtz si mir Pirate schaarf an dee wäerte mer d’nächst Joer huelen.”
Thematesch wäert de Walkampf ënnert dem Motto “Gerecht Léisunge fir haut a muer” gefouert ginn: Matbestëmmung, Transparenz, Ëmwelt, Klima, Liewensqualitéit, Wunnen, Mobilitéit, Sécherheet, Déiereschutz sinn déi grouss Linnen.

De Kader-Programm vun de Piraten

Back to Top
CIM LOGO