
Deemno hätt d'Piratepartei de Projet "Malt" fir eng Sproochen-App also net dierften accordéiert kréien. Am Rapport vun der Cour des Comptes gëtt kritiséiert, datt d'Piratepartei keng Erfarung an deem Beräich hat. Dat war awer eng vun den Ufuerderungen.
De Fong gëtt vun der EU-Kommissioun an dem Lëtzebuerger Staat co-finanzéiert. Ma den Optrag fir d'App krut d'Piratepartei vum Office national de l’accueil (Ona), deen d'Ziler vum Fong soll ëmsetzen. De Rechnungshaff kritiséiert, datt och Kontrollen, déi vertraglech virgesi waren, net erfëllt goufen. D'Piratepartei hat just en Ofschlossrapport gemaach.
D’Cour des Comptes formuléiert och Kriticken um Ona selwer, dee Feeler bei der Ofrechnung gemaach hätt. Ma och d’Inspection générale des Finances (IGF) gëtt kritiséiert. Si ass d'Audit-Autoritéit fir den Afim-Fong. Si hätt allerdéngs eréischt Enn 2025/Ufank 2026 eng Audit-Strategie en place gesat. D'Period, déi ze kontrolléiere war, goung awer schonn 2021 un.
De Rechnungshaff kënnt zur Conclusioun, datt d'Piratepartei vu ronn 160.000 Euro, déi d'Piratepartei vum Ona fir de Projet krut, der misst ronn 76.000 Euro zréckbezuelen. Dobäi hat den Ona iwwer 90.000 Euro vun der Piratepartei zeréckgefrot. D'EU-Kommissioun hat Enn d’lescht Joer gemengt, alleguerten d’Depensen, déi am Kader vum Projet "Malt" gemaach goufen, wieren ineligibel a missten alleguer zréck bezuelt ginn.