Ëmmer méi Abréch an AutoenD'Police appelléiert, méi virsiichteg ze sinn a gëtt Rotschléi

RTL Lëtzebuerg
An der lescht kritt d'Police ëmmer nees Abréch a Gefierer gemellt. Dacks waren déi mol net zougespaart.
© Police

An der Reegel muss et séier goen an d’Täter klauen an der Haaptsaach Wäertgéigestänn, elektronesch Apparater oder Portmonnien. Eben déi Géigestänn, déi ee gutt siichtbar am Auto leie léisst an déi einfach ze huele sinn. Wann den Auto och nach net zougespaart ass, hunn d’Täter liicht Spill.

D’Police réit:

  • Et soll ee wa méiglech eng Garage notzen, déi een zouspäre kann. Huet ee keng, soll een den Auto op eng gutt beliichten, vill befuere Strooss parken.
  • Et soll ee säi Gefier zouspären, souguer wann ee just ganz kuerz fort ass.
  • Net vergiessen, d’Dieren, d’Fënsteren an d’Mall zouzemaachen, respektiv zouzespären.
  • Net vergiessen, den Alarm vum Won unzemaachen.
  • Verdächteg Persounen, Gefierer oder aner Observatiounen der Police mellen.

Weider Rotschléi fënnt een um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO