CannabisD'Police huet a Wunneng zu Zowaasch eng Plantage vu Marihuana fonnt

RTL Lëtzebuerg
Dat wéi si an der Nuecht op e Sonndeg bei e Mann heem an d'Haaptstrooss zu Zowaasch geruff goufen.

D'Leit, déi den 113 geruff haten, hu sech Suergen ëm dëse Mann gemaach.

Wéi d'Beamten zesumme mat dëse Persounen an d'Wunneng koumen, hätt et staark no Marihuana gericht, ewéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass.

Op Uerder vum, Parquet gouf eng Hausduerchsuchung gemaach. An tëscht gouf d'Police gewuer, dass de Mann den Dag virdrun am Spidol war.

D'Polizisten hunn dunn zwee Zelter fonnt, an deenen Cannabis-Planze stoungen.

Et goufen och sëllege verbuede Waffen a Messere fonnt.

E puer Honnert Gramm Marihuana goufe beschlagnaamt. De Besëtzer krut eng Plainte.

Back to Top
CIM LOGO