Fir generell, awer net urgent UfroenD'Police huet de Service "Ligne bleue" lancéiert

Claudia Kollwelter
Fir Urgencë gëllt natierlech nach ëmmer den 113, dat gouf en Donneschdeg de Moie säitens der Police ënnerstrach.
Police
© RTL

D'Police huet en neie Service lancéiert. Déi sougenannten "Ligne bleue" ass eng national Ulafstell fir generell an net urgent Froen an Demanden. Et wier en neie Service fir de Bierger fir sämtlech "net urgent" Froen an Demanden ze traitéieren an ze beäntwerten. Dat gouf en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vun der Police betount.

Zil wier et engersäits, datt d'Leit een zentralen Uspriechpartner hunn an de Bierger e bessere Service ugebuede gëtt, anersäits awer och fir aner Servicer vun der Police domat ze entlaaschten. Iwwert eng nei Telefonsnummer, den 244 244 244, kënnen net urgent Demanden der Police matgedeelt ginn, an dat an enger éischter Phas vu méindes bis freides tëscht 8:30 Auer a 16:00 Auer, mee och 24/24 iwwer Email oder en online Formulaire.

Fir Urgencë gëllt natierlech nach ëmmer den 113, dat gouf en Donneschdeg de Moien nach ënnerstrach.

Donieft waren et d'Annoncen, datt vun Hierscht un d'Demarchen, déi een iwwert den e-commissariat ka maachen, fir online eng Plainte oder Deklaratioun ze maachen, ausgebaut ginn, datt d'Beamten an Zukunft all solle mat engem Laptop equipéiert ginn, deen se och um Terrain als Tablet kënne benotzen an datt un enger Applikatioun geschafft gëtt, mat där d’Police an Zukunft Averstissement taxés komplett digital kënne maachen.

Back to Top
CIM LOGO