
Esou zum Beispill géint 17 Auer e Mëttwoch den Owend an der Géigend vum Rond-point Gadderscheier zu Déifferdeng. Hei war enger Patrull en Auto opgefall, deen an der Mëtt vun der Strooss stoung. Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, huet dësen zouginn, dass hie gedronk hat. Den Alkohol-, grad ewéi och den Drogeschnelltest ware positiv. Ausserdeem gouf eng geréng Quantitéit Haschisch séchergestallt.
Iwwerdeems krut d’Police e Gefier zu Esch an der Rëmelenger Strooss gemellt, deem säi Chauffer alkoholiséiert wier. Dëse gouf schliisslech an der Rue Langertengaass kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.
Um 20.30 Auer gouf der Police da matgedeelt, dass e Mann, deen net méi riicht trëppele kéint an zu Duelem versiche géif, a säi Gefier ze klammen. Dëst wier ausserdeem beschiedegt an hätt e Platten. D’Poliziste konnten de Mann nach op der Plaz kontrolléieren. Och bei him war den Alkoholtest positiv.
Géint 22.30 Auer e Mëttwoch den Owend war dann e Chauffer an der Diddenuewener Strooss wéinst sengem Fuerstil opgefall. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.
An der Nuecht op en Donneschdeg hat dann e Chauffer zu Gréiwemaacher d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat dësem an en anert, geparkte Gefier gerannt.
Um 1 Auer en Donneschdeg war dann e Chauffer an der Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg wéinst sengem Fuerstil opgefall. Hie gouf op der Héicht vun der Rue de Kopstal gestoppt a kontrolléiert.
Um fréien Donneschdegmoie wollt dann en alkoholiséierte Mann seng Taxisrechnung net bezuelen. Hie war nom Trajet a säin eegenen Auto geklommen a fortgefuer. Eng Policepatrull konnt hie kuerz drop zu Diddeleng unhalen. Och hie krut de Führerschäin ofgeholl.