
Bei engem Accident e Samschdeg um 19.15 Auer zu Esch op der Place Stalingrad stoung ee vun de bedeelegten ënner engem ze héijen Alkoholafloss. Hie war de Permis op der Plaz lass an eng Plainte gouf gemaach.
Kuerz no Hallefnuecht gouf e Sonndeg op der N1 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert een Automobilist wéinst sengem opfällege Fuerstil kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv, eng Plainte gouf gemaach, ma de Führerschäin awer net ofgeholl.
Géint 3 Auer gouf dann nach eng Automobilistin kuerz virun der Grenz gestoppt. Si war mat héijer Vitess op der A1 a Richtung Däitschland ënnerwee. D'Fra hannert dem Steier hat ze vill gedronk. Hei war de Permis fort an och eng Plainte gouf gemaach.
Kee Führerschäin méi huet dann och nach eng Persoun, déi vun der Police an der Stad gestoppt gouf.