Ënnert anerem an der StadD'Police mellt aacht Abréch an de leschten Deeg

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Mëttwoch de Moien eng sëllegen Abréch, déi an den zwee leschten Deeg uechter d'Land geschitt sinn.

E Méindeg gouf de Beamten een Abroch an der Rue Adolphe Weis zu Bäreldeng gemellt. Ee bis ewell onbekannten Täter hat eng Kellerdier opgebrach a war esou an d’Appartementshaus komm, wou hien divers Géigestänn matgoe gelooss huet.

Och an der Rue de Hollerich op der Gare ass en Dënschdeg een Onbekannten iwwert de Keller an en Appartementshaus komm. Do huet hien aner Dieren am Keller geknackt an huet ee Vëlo matgoe gelooss.

Am spéiden Dënschdeg Nomëtteg ass een Abriecher iwwert eng oppen Dier an en Haus um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad komm, wou hien eng Posch geklaut huet, ier hie sech duerch d’Bascht gemaach huet.

Zu Heeschdref huet een Noper en Dënschdeg den Owend en Abroch an een Haus an der Rue Jean-Baptiste Schwartz gemellt. Éischten Erkenntnisser no hat den Onbekannten eng Fënster opgebrach, iwwert déi hien dunn an d’Haus koum. Bannenan huet den Déif eng Rei Kummeren duerchwullt.

Zu Ollem an der Rue de l’Independance war et och iwwert eng Fënster, datt een Abriecher sech Zougang zu engem Haus verschaaft huet. Och hei goufen eng Rei Raim duerchwullt.

An der Rue Principale zu Mënsbech gouf en Dënschdeg den Owend éischten Erkenntnisser no eng Buedzëmmerfënster vun engem Haus mat enger Zill ageschloen. Den Abriecher huet ënnert anerem ee Laptop matgoe gelooss.

Zu Krautem an der Rue Jean Braun huet een Abriecher en Dënschdeg eng Kellerdier opkrut. Hien huet an de Schief gewullt an huet sech mat Boergeld aus dem Stëbs gemaach.

Iwwert eng Terrassendier ass dann och an der Rue des Genets zu Diddeleng een Abriecher an en Haus komm. Hien huet sech mat enger Rei Wäertgéigestänn - dorënner Aueren, Bijouen a Poschen - duerch d’Bascht gemaach.

Gepëtzt gouf keen, et goufen awer an allen aacht Fäll Ermëttlungen ageleet. Méi Chance haten d’Beamten do en Dënschdeg de Moien, wou si géint 6.15 Auer zu Ierpeldeng an der Rue Scheuerberg een verdächtege Won gemellt kruten. Eng Patrull huet déi zwou Persounen am Auto kontrolléiert a konnt eng Rei Géigestänn fannen, déi sech als geklaut erausgestallt hunn. De Parquet huet den Auto saiséiere gelooss. Et gouf ee Protokoll geschriwwen an déi geklaute Géigestänn konnten zeréck un hir Besëtzer goen.

Wéi ee sech am beschte géint Abréch schütze kann, detailléiert d’Police op hirem Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO