VermësstemeldungD'Police sicht nom Manuel Antonio Loureiro Machado Ribeiro

RTL Lëtzebuerg
Den 68 Joer ale Mann gouf fir d'lescht e Sonndeg géint 16 Auer an der Géigend vun Esch-Uelzecht gesinn.
© Police / RTL Grafik

De Manuel Antonio Loureiro Machado Ribeiro ass vun enger korpulenter Statur, ongeféier 1.60 Meter grouss, huet kuerz wäiss Hoer an e kuerzen, wäissen, eigentlech raséierte Baart.

Hie schwätzt Portugisesch a Franséisch. Wéi de Mann fir d’lescht gesi gouf, hat hien eng gro-brong Jackett vun der Mark Mercedes, eng hellblo Jeans an eng wäiss Kap un. Ausserdeem hat hien e Brëll op.

Wien Informatiounen iwwert dee Vermëssten huet, ass gebiede sech beim Policekommissariat vun Esch-Uelzecht ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 50 1000 oder via Mail.

Back to Top
CIM LOGO