
En onbekannten Täter huet eng Fra d’Posch aus der Hand gerappt an ass a Richtung Kathedral geflücht. En Zeie war dem Täter doropshin nogelaf a konnt dësen anhuelen a festhalen.
Éischten Ermëttlungen no soll dunn eng weider verdächteg Persoun dobäi komm sinn an hätt dem Zeie mat Schléi gedreet, woubäi dësen den Déif lassgelooss huet an den Täter esou konnt flüchten. Wéi d’Police op der Plaz ukoum, war den Zeien awer net méi do.
Police-Beschreiwung vum Zeien:
Indisches Aussehen, 16-19 Jahre alt, zirka – 1,60 – 1,65 Meter groß und schwarz bekleidet mit schwarzer Jacke mit Kapuze mit Pelz umrandet.
D’Police biet den Zeien, dee wichteg Hiweiser zu der zweeter verdächteger Persoun soe kann, sech ënnert dem (+352) 244 244 40-1000 oder via Mail bei Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu ze mellen.
Op enger Toilette vun engem Restaurant an der Avenue de la Gare an der Stad gouf géint 22 Auer e Jugendleche vun 2 Täter geschloen a beklaut. D’Täter, déi no der Dot flüchte konnten, hunn en Handy, eng Auer a Boergeld matgoe gelooss. D’Affer konnt de Polizisten eng Täterbeschreiwung ofginn.
Um Samschdeg de Moie géint 7.15 Auer gouf d’Police iwwert en Kläpperei op der Place de la Gare gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamte festgestallt, datt et déi selwecht Persoun war, déi och an der Nuecht virdrun de Jugendlechen iwwerfall hat. Och déi geklaute Géigestänn goufe beim Täter fonnt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.