Alkohol um SteierD'Police zitt 3 Führerschäiner an

RTL Lëtzebuerg
Um 1 Auer e Samschdeg de Moie war enger Patrull vun der Police en Automobilist an der Avenue de la Faïencerie an der Stad opgefall.
© Police

Dat well dëse säin Auto ouni Grond staark beschleunegt hat. Hie gouf kontrolléiert an et sollt sech erausstellen, dass hien ze vill Gedronk hat. De Führerschäin gouf doropshin agezunn.

Um 2.30 Auer war dann e Chauffer op der Gemengeplaz zu Diddeleng beim Ausparken an en anert Gefier gerannt. Beim Weiderfuere war hien nach an en anert Gefier gerannt. De Chauffer konnt schliisslech mat der Hëllef vun Zeien bei sech doheem ermëttelt ginn. Och hien hat ze vill gedronk a säi Führerschäin gouf agezunn.

Um 6.20 Auer war dann e Gefier an der Rue du Brill zu Féiz iwwer e Parking gefuer. Eng Patrull vun der Police huet de Chauffer doropshi kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO