Arméifest a MilitärparadD'Première um Kierchbierg war e Succès

Jeannot Ries
Dausende Leit waren an der Avenue John F. Kennedy um Rendez-vous, fir den Defilé vun Arméi, Police, Douane, Giischtercher, CGDIS a Rout-Kräiz z'erliewen.
VIDEO: Arméifest um Kierchbierg
Dausende Leit waren um Boulevard John F. Kennedy um Rendez-vous, fir den Defilé vun Arméi, Police, Douane, Giischtercher, CGDIS a Rout-Kräiz z'erliewen.

Um Punkt 12 Auer huet e Sonndeg d'Militärparad ugefaangen, déi dëst Joer net op der Gare, mä um Kierchbierg an der John F. Kennedy-Strooss war.

Hei de Resumé vum Defilé:

VIDEO: De Résumé vun der Militärparad an der Stad
Dausende Leit waren um Kierchbierg dobäi, fir déi traditionell Parad vu noem ze suivéieren.

Ee vun den Héichpunkten war de "Fly over" vun 3 Militärfligeren an d'Heemecht, déi och dëst Joer vun der Militärmusekerin Stéphanie Schlinck virgedroe gouf. Beim Defilé waren dëst Joer eng ronn 200 Zaldoten, 140 Polizisten, 60 Gefierer an eng 180 Leit vum CGDIS mat dobäi, alles an allem eng 840 Leit.

No der Parad war dunn déi 3. Editioun vum Arméifest, dat vum Rousegäertchen op d'Place de l'Europe hannert der Philharmonie geplënnert ass. Hei gouf Arméi- a Policematerial gewisen, et gouf Fräibéier an Arméikascht.

Back to Top
CIM LOGO