Vill däitsch Wieler hunn d'Flemm mat der etabléierter Politik, d'Parteie stinn an der Mëtt an et gëtt keng klassesch riets-lénks Debatt méi, dofir gëtt méi wéit baussen op de Borde gewielt.
Dat sot d'Politologin vun der Uni Lëtzebuerg, Anna-Lena Högenauer e Méindeg de Moien am RTL-Interview.
Fir d'Invitée vun der Redaktioun stinn elo ganz schwéier Verhandlungen un en Vue vun enger Jamaika-Koalitioun tëscht Unioun, der FDP an deene Gréngen.
Gëtt et kee Resultat bei deenen Jamaika-Koalitiounsverhandlungen, da féiert wuel kee Wee laanscht Neiwahlen. D'AfFD gëtt als Koalitiounspartner ausgeschloss a fir eng Zesummenaarbecht tëscht der Unioun an der "Linke" wieren d'Differenzen dann awer ze grouss.
De gudde Score vun der AfD wier duerch Protestwieler ze erklären, awer net just, seet d'Anna-Lena Högenauer, déi definitiv e gewëssene Rietsruck an der däitscher Gesellschaft feststellt.
Wann d'AfD sech awer ze wäit riets positionéiert déi nächst Joren an zu enger neier NPD gëtt, da wäert se verschwannen, esou nach d'Politologin.
D'Politologin vun der Uni Lëtzebuerg war eis Invitée vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8.