En Dënschdeg den Owend war zu Esch Belval eng akademesch Sëtzung a Präsens vum Grand-Duc Henri fir de ronne Gebuertsdag vum Centre François Baclesse ze feieren. Den Zenter huet säin Numm vum Spezialist fir Strale-Behandlungen dem Dokter Baclesse, deen 1896 zu Beetebuerg gebuer gouf an 1967 zu Paräis gestuerwen ass, nodeems hie laang Joren do am Institut Curie geschafft huet.
Am Zenter zu Esch, dee sech iwwert déi zwee Joerzéngt eng Renommee iwwert d'Grenzen eraus opgebaut huet, ginn all d'Patienten, déi eng Strale-Behandlung néideg hunn, behandelt. Een aneren Therapiezenter fir Strale-Behandlung gëtt et am Grand Duché net. 15.000 Patiente sinn an de leschten 20 Joer hei behandelt ginn, all Dag passéieren eng 110 Leit. Et ass eng multidisziplinär Ekipp vu 65 Leit mat spezialiséiertem Personal, déi zu Esch schafft, donieft gëtt awer och klinesch Fuerschung gemaach. Méi zu der Evolutioun vun der Radiotherapie am Gespréich mam Direkter vum Zenter dem Dr Michel Untereiner.