
Géint 17.45 Auer sinn zu Stroossen en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. Kuerz no 19.30 Auer ass zu Duelem e Motosfuerer mat sengem Gefier gefall. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 23 Auer sinn op der A7 op der Héischt vun der Sortie Mierscherbierg zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
E Sonndeg de Moien ass um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy e Cyclist gefall a blesséiert ginn.