
Géint 16 Auer waren zu Déifferdeng an der Rue de l’Hôpital ënnert anerem de Samu an eng Ambulanz am Asaz, nodeems ee Motorradschauffeur gefall war an dobäi blesséiert gouf. Quasi zäitgläich sinn um CR154 tëscht Siren an Duelem ee Moto an een Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 8.30 Auer e Freideg de Moie sinn zu Uewerkuer an der Avenue du Parc des Sports ee Moto an ee Bus anenee gerannt. Och hei gouf ee Mënsch blesséiert. Op der Route de Remich zu Ierseng gouf et géint 14 Auer ee Blesséierten, wou eng Camionnette an een Auto anenee geknuppt sinn.