CGDIS-BulletinDräi Blesséierter um Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Mëttwochowend waren d'Ekippe vum CGDIS dräi Mol wéinst Accidenter op der Strooss am Asaz.
An der Millebaach, um CR102 an zu Schrondweiler si Leit blesséiert ginn.
© Chris Meisch

Géint 18:30 Auer sinn an der Millebaach zwee Autoen aneneegerannt. D'Stater Pompjeeën an Ambulancieren hu sech hei ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Um 22:12 Auer gouf dann eng Persoun bei engem Autosaccident um CR102 tëscht Schëndels a Keespelt blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanciere vu Miersch waren hei am Asaz.

Ronn eng hallef Stonn drop ass dann e Motocyclist zu Schrondweiler an der Rue Principale gefall. Hie gouf vun den Ambulancieren aus der Fiels versuergt. Och d'Pompjeeë vun Noumer waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO