Coronavirus zu LëtzebuergDräi Doudesaffer, vu 3.123 Tester waren der 1.110 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.035 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn dräi Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.274.609 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 147,0 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 185,38 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO