
Allen dräi Foussgänger wieren awer just liicht blesséiert ginn. D’Secouriste vu Rëmeleng an zwou Ambulanze vun Esch waren op der Plaz.
Zu Nidderkäerjeng si géint 17.45 Auer op der N31 véier Autoen aneneegerannt. Blesséiert gouf dobäi allerdéngs keen.
Géint 2.30 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg gouf op der Place de Metz an der Stad e Vëlosfuerer ugestouss an och blesséiert. Secouristen an eng Ambulanz aus der Stad waren do.
Gebrannt hat et dann och op e puer Plazen am Land. Fir unzefänken, géint 17.50 Auer zu Péiteng an der Lonkescher Strooss, wou e Stëbssuckler Feier gefaangen hat. E Feier gouf et och laanscht d’Tréierer A1, Héicht Sennengerbierg.
Kuerz no 21 Auer stoung zu Nidderkuer an der Rue P. Gansen e Schapp a Flamen an an der Stad hat géint 1.30 Auer nach e Pabeiercontainer gebrannt. A kengem vun de Fäll ass engem eppes geschitt.