KäerjengDräi Männer attackéieren a blesséieren eng Fra - Täter gestalt

RTL Lëtzebuerg
Passéiert ass dëst géint 22.20 Auer an der Rue J.F. Kennedy zu Nidderkäerjeng.

D'Männer koumen aus engem Bistro an hu vill Kaméidi gemaach, wéi d'Fra si drop opmierksam gemaach huet, wéi spéit et wier. Als Reaktioun huet ee vun de Männer d'Fra attackéiert an hir e Coup-de-boule ginn. Hien a seng zwee Begleeder sinn doropshi fortgelaf. D'Police an d'Ambulanz goufen alarméiert an d'Fra huet misste versuergt ginn. Den Ugräifer gouf kuerz drop an der Zone op Zaemer gestalt. Hie wollt nach fortlafen, koum awer net wäit. Déi zwee aner Männer goufen an der Cité Charles de Gaulle erëmfonnt. Och si koumen op de Police-Büro. Eng Plainte gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO