
D’Police war e Sonndeg geruff ginn, nodeems dräi Männer enger Persoun op enger Terrass vun engem Lokal zu Leideleng den Handy an de Portmonni geklaut hunn an doropshi mat engem Auto geflücht sinn.
Bei enger Course-poursuite mat den Täter konnten d’Polizisten de flüchtege Won schlussendlech am Rond-point zu Diddeleng ënnert der A13 stoppen. Déi dräi Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.