
Fënnef Automobiliste goufen am Ganze protokolléiert, vun 98 Automobilisten, déi kontrolléiert goufen. Bei dräi Leit war de Fürerschäin nach op der Plaz fort.
Iwwerdeems sinn dräi Chaufferen duerch hire Fuerstil opgefall a goufe kontrolléiert. Zu Hollerech war eng Persoun géint 2.45 Auer vill ze séier ënnerwee.
Zu Zolwer si Beamten engem Chauffer mat bloe Luuchten nogefuer, deen aus dem Kreesverkéier op d’Autobunn gebriedert ass an do mat ze héijer Vitesse weider gefuer ass.
An och zu Déifferdeng ass enger Patrull e Chauffer opgefall, deen ze séier ënnerwee war, du staark ofgebremst huet an op e Parking gefuer ass, wéi de Policewon d’Kéier gemaach huet.
Allen dräi Chaufferen haten ze vill gedronk a kruten de Führerschäin ofgeholl.