
Den éischte Fall war géint 7:50 Auer, wéi eng Persoun sech mat engem gefälschten italieenesche Pass um Schalter fir d'Ausrees presentéiert hat.
Kuerz duerno, géint 8:20 Auer hat eng weider Persoun als éischt e gültege griichesche Pass virgewisen, wollt herno awer mat engem gefälschten iresche Pass an de Fliger klammen.
A béide Fäll wollten déi Concernéiert op Dublin fléien.
Nëmmen 10 Minutten duerno gouf bei enger Persoun, déi grad mam Fliger vun Dublin um Findel ukoum, bei der Arees-Kontroll e gefälschte spuenesche Pass fonnt.
No enger Opnam vun de perséinlechen Donnéeë konnten déi dräi Betraffen op Uerder vum Parquet de Fluchhafen nees verloossen.