WaasserbëllegDräi presuméiert Abriecher festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend krut d'Police 3 verdächteg Persounen zu Waasserbëlleg signaliséiert.

Dës stoungen am Verdacht, un Abréch bedeelegt gewiescht ze sinn.

D’Police huet si am Kader vun enger Enquête identifizéiert a kontrolléiert. Dobäi goufe geklaute Saache séchergestallt.

Déi 3 Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO