Invité vun der Redaktioun (5. November) - Romain WolffD'Regierung gëtt un der Steierreform gemooss

Pit Everling
En Dënschdeg war de CGFP-President eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

An zwou Wochen ass eng grouss Protestmanifestatioun vun de Gewerkschaften, fir sech géint de Boykott vum Patronat ze wieren.

D'Patronat stellt de Sozialmodell Lëtzebuerg - de Sozialdialog, d'Tripartite - a Fro. D'CGFP ass natierlech solidaresch mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB, sot de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, en Dënschdeg de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Hien hofft, datt déi Protestaktioun e grouss Succès gëtt.

D'Ëmsetzung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht hat jo punktuell fir Problemer gesuergt, notamment am Schichtbetrib.

Bei der Police a bei der Arméi gëtt et een Accord. D'Staatsbeamtegewerkschaft fuerdert, datt dat wat ofgemaach gouf och ëmgesat gëtt, de Romain Wolff ass do awer bësse skeptesch.

Extrait Romain Wolff

D'Regierung gëtt un der Steierreform gemooss, sou de Romain Wolff weider. D'CGFP wëll mat um Dësch sëtzen an hofft och, datt d'Steierverwaltung sou opgestallt gëtt, datt se déi Reform kéint meeschteren.

D'Aarbecht géif par Rapport zum Kapital vill ze héich besteiert ginn, domat misst elo Schluss sinn, sou d'CGFP.

Fir d'Sozialwalen 2020 am ëffentlechen Déngscht erwaart d'CGFP sech, datt op d'mannst dat selwecht Resultat ka realiséiert ginn ewéi déi leschte Kéier.

En Dënschdeg war de CGFP-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO