An der Oppositioun haten déi Chrëschtlech Sozial sech virun de Wale sécher net gesinn, ma genee do wier een elo ukomm an et géing ee konstruktiv schaffen.
An déi 21 Deputéiert géinge vill schaffen, seet d'Martine Hansen an zielt Gesetzpropositiounen, Amendenter, a Motiounen op. Fir d'Fraktiounscheffin war et an där Funktioun den éischte Summerbilan, bei summerlechem Wieder am Märeler Park.
Et war ze erwaarden, datt d'Neioplo vu Blo-Rout-Gréng eng Datz kritt. Ziler definéiere wier zwar schéin, ma beim Wee dohinner géing een net vill héieren
D'Regierung ass bësse sou, wéi wann se am Autopilot wär. Et kann ee sech froen: Wou ass de Pilot? Deen hofft, datt de Kerosin net ausgeet a léisst dat Ganzt mol sou fléien.
D'Regierung wier net transparent: "Mir liewen haut éischter an engem Staat, wou d'Jalousië vun der Transparenz a munchen Dossieren erof gelooss goufen", esou den Deputéierte Gilles Roth, Beispiller wieren d'Dossiere Google a fichier central. "Dat ass dee vun de geheime Casieren, do gëtt de Rechtsstaat reegelrecht mat Féiss getrëppelt a mir menagéieren och net eis Wierder: Et si geheim Casieren".

Virun allem fillen d'CSV-Parlamentarier sech vun der Regierung net respektéiert, seet den Deputéierte Léon Gloden: "An eiser Aarbecht als Kontrollorgan vun der Regierung spiert een och ëmmer erëm déi Arroganz vun dëser Regierung"
D'Martine Hansen: "Am däitsche gëtt et sou ee Begrëff, deen heescht: Stimmvieh. U sech gesi se d'Deputéiert als "Stimmvieh". D'CSV-Deputéiert sinn awer net d'Hampelmänner vun der Regierung".
D'Regierungsmembere wieren dacks net do a géifen net op Froen äntweren.
An eegener Saach géing ee sech och als Fraktioun natierlech mat de Wahlresultater befaassen déi ee sech natierlech net sou virgestallt hat.
Eng Zauberléisung géing et net ginn, esou d'Martine Hansen, vläicht hätt ee verschidde Prioritéiten net erkannt gehat.
Ënner anerem an de Beräicher Environnement, Santé a Soziales wëll ee weider schaffen, dernieft wëll een nei Methode siche fir op d'Leit, virun allem op déi jonk Leit duerzegoen.