Waasserreseau vum SidereDrénkwaasser am Gros vun den ëstleche Gemengen am Land eventuell verknascht

RTL Lëtzebuerg
Wéi Syndicat intercommunal pour la Distribution d’Eau dans la Région de l’Est e Freideg matgedeelt huet, gëtt et e Problem mat hirem Drénkwaasserreseau.

Am Schreiwes vum Sidere heescht et, dass d'Drénkwaasser eventuell verknascht ass.

Betraff sinn dës Gemengen:

  • Betzder: Banzelt, Betzder, Bierg, Mensder a Rued-Sir
  • Biwer: Biwer, Bruch, Buddeler, Buddelerbaach a Wecker
  • Fluessweiler: Beyren, Buchholz, Fluessweiler, Gouschteng, Nidderdonwen an Uewerdonwen
  • Gréiwemaacher: Potaschbierg a Gréiwemaacher
  • Manternach: Berbuerg, Lelleg, Manternach a Mënjecker
  • Mäertert: nëmmen d'Firma Technofibre an d'Aire de Wasserbillig
  • Rouspert-Mompech: Giwenech, Hierber, Méischdref a Mompech
  • Wuermer: Ohn, Éinen, Kapenaker, Meechtem, Wuermer a Wuermer Bierg

D'Leit an de betraffe Gemenge solle kee Krunnewaasser drénken an och Uebst a Geméis, dat réi giess gëtt, net domat wäschen.

Den technesche Service an déi staatlech Autoritéite schaffen zesummen drun, fir de Problem ze behiewen.

PDF: Schreiwes vum Sidere

Back to Top
CIM LOGO