
D’Gemeng Helperknapp huet eng Phase de vigilance erausginn, well hir Drénkwaasser-Reserven duerch d’Hëtzt a wéineg Reen an de leschte Woche lues awer sécher un hir Grenze kommen.
Dofir sollt ee spuersam domat ëmgoen an op verschidde Saachen, wéi d‘Wiss nätzen oder den Auto wäschen, verzichten.