RTL-ServiceDrénkwaasser zu Lëntgen net méi verknascht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg haten déi Responsabel vun der Gemeng gemellt, dass d'Drénkwaasser zu Lëntgen net soll gedronk ginn.
© Archiv

Wéi et am Schreiwes vun der Gemeng Lëntgen heescht, gouf bei der leschter visueller Kontroll vun de Waasserquelle vu Säite vun der Gemeng eng bakteriologesch Verknaschtung festgestallt. D'Warnung huet nëmme fir d'Duerf Lëntgen an net fir Gousseldeng oder Pretten gegollt.

En Donneschdeg koum dunn d'Entwarnung, dass d'Awunner d'Drénkwaasser nees benotzen dierfen.

Back to Top
CIM LOGO