Leschte Prozessdag an der Lunghi-AffärD'Responsabilitéit steet weider a Fro

Diana Hoffmann
Huet e Reportage de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi an e schlecht Liicht geréckelt, fir him ze schueden?

Weder den Auteur vum Reportage, nach de fréiere CEO vun RTL gesinn dat esou.

Leschte Prozessdag an der Lunghi-Affär / Reportage Diana Hoffmann

Um leschten Dag vum Prozess huet iwwerraschend déi fréier RTL-Journalistin Sophie Schram ausgesot. Bis elo huet si net um Prozess deelgeholl. Hiren Affekot hat gesot, si géing dat mental net packen. Déi Ugeklote selwer sot awer, de Grond, fir net ze kommen, wiere berufflech Weiderbildunge gewiescht.

“En huet mer net just physesch wéigedoen, mee psychologesch war et och e grousse Schock”, sot déi jonk Fra virun de Riichter iwwert d’Handgräiflechkeet vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi wärend engem Interview viru lafender Kamera am September 2016.

Am Prozess geet et an éischter Linn ëm e Reportage, dee vum ugekloten Ex-RTL-Journalist Marc Thoma, och mat Biller vun dëser Zeen, gemaach gouf. D’Sophie Schram seet, weder mam Montage, nach mam Text eppes ze dinn ze hunn. Si huet betount, dass de Verband, mat deem si an engem Reportage ze gesinn ass, Suitte vum Ugrëff war, a vun enger Doktesch gebonne war. “D’Madamm Schram huet vergiess, dass si dono nach bei en zweeten Dokter war”, huet den Affekot vum Enrico Lunghi betount. Dësen hätt attestéiert, dass kee Verband méi néideg wier. D’Sophie Schram reprochéiert, dass Leit viru Geriicht net d’Wourecht gesot hätten. Dass d’Kolleege souwuel iwwert den Iwwergrëff vum Enrico Lunghi, wéi och iwwer hire Wéi um Aarm kuerz dono Bescheed gewosst hätten. De Riichter huet si awer drop higewisen, dass keng eenzeg Persoun, déi vun der Police gehéiert gouf, dat ausgesot huet.

Dono hunn dann nach d’Affekote vun den dräi Ugeklote plädéiert. Dem Marc Thoma säin Affekot huet gesot, säi Mandant hätt just Tatsaachen erëmginn an net seng eege Meenung. Och dem Ex-RTL-CEO Alain Berwick säin Affekot plädéiert, dass säi Client a kenger Manéier un der Produktioun vum Reportage deelgeholl hätt.

Den Affekot huet dann nach kritiséiert, dass um Geriicht de Krankeschäi vum Sophie Schram géing a Fro gestallt ginn. Domat géing eng Verschwierungstheorie konzipéiert ginn. D’Presse merdique hätt sech no der Dot net fir d’Sophie Schram interesséiert, huet dann nach de fréiere CEO Alain Berwick de Journalisten en général reprochéiert.

Direkt dräi vun den Affekoten hunn awer och de Krankeschäi vum Enrico Lunghi an der Suite vun der ganzer Affär a Fro gestallt. Am Prozess steet nieft Calomnie an Diffamatioun nämlech och de Reproche vu Coups et blessures involontaires géint den Enrico Lunghi am Raum wéinst Troubles psychique. D’Schuedenersatzfuerderunge wieren hei net berechtegt, schliisslech hätt dëse selwer vu sengem Posten demissionéiert, heescht et vun den aneren Affekoten.

Och den Affekot vum RTL-Programmchef Steve Schmit huet duergeluecht, wisou säi Mandant keen Afloss op d’Diffusioun vum Reportage den 3. Oktober 2016 am “Nol op de Kapp” hat. Säi Chef, den Alain Berwick, hätt hei d’Decisioun geholl. Domat hätt hien de Steve Schmit iwwergaangen a wier zum Kollaborateur ginn. “Wann ee CEO vun enger Boîte ass, kann een net – wann et waarm gëtt – soen, näischt mat der Saach ze dinn ze hunn”, sou den Affekot vum Steve Schmit.

D’Urteel gëtt de 14. Dezember gesprach.

Leschte Prozessdag an der Lunghi-Affär
Huet e Reportage de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi an e schlecht Liicht geréckelt, fir him ze schueden?

Back to Top
CIM LOGO