Iwwer 520.000 Salariéeën waren opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. Bal 19.000 Kandidaten op iwwer 800 Lëschten hate sech opgesat.
D'Resultater kommen nëmme ganz lues era gedrëpst. Um Donneschdeg de Moie kann een awer soen, dass, wat déi zwou gréisste Gewerkschaften uginn, den OGBL ganz kloer d'Nues vir huet. Bis ewell hunn 2.328 Betriber hir Resultater iwwert d'ITM public gemaach. Fir den Onofhängege Gewerkschaftsbond goufe bis en Donneschdeg de Moien 1.756 Kandidaten an d'Personaldelegatioune vun hire respektive Betriber gewielt a kënnt domat op 25,53%. Dobäi kommen 1.576 Délégués suppléants. Den OGBL hat am ganzen 5.200 Kandidaten an d'Course geschéckt.
Den LCGB kënnt um Site vun der ITM um Donneschdeg de Moien 10.30 Auer op 1051 Delegéiert, déi de Sprong direkt an hir respektiv Personalvertriedunge gepackt hunn. Si maachen 15,28% aus. Dobäi komme 950 Délégués suppléants. 3.750 Kandidate ware fir den Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ugetrueden.
Den LCGB selwer schreift an engem Communiqué um Donneschdeg de Moien, dass déi definitiv Zuele bekannt wieren. Deemno kéim den LCGB op 1.165 effektiv Mandater an op 1.138 Délégués suppléants.