
Am Bësch zu Biissen. D’Rettungshondstaffel vum Roude Kräiz ass sur place. Si gouf em Hëllef gefrot.
Zwou Persoune gi vermësst. Den Hondsmeeschter Pascal a säin Hond, de Calimero si prett fir sech op d’Sich no dëse Leit hei am Bësch ze maachen.
Dat Ganzt war nëmmen en Exercice. Zweemol d’Woch gesäit sech d’Ekipp, fir esou Situatiounen ze trainéieren. Zwee Joer dauert et, bis d’Ausbildung fir Hondsmeeschter a Mupp ofgeschloss ass. All zwee Joer gëtt se och widderholl.
No e puer Minutten huet de Calimero déi éischte vermësste Persoun fonnt.

Um Annick an hirem Mupp, dem Fly, war et dunn. Och dësen Hond huet gutt Aarbecht geleescht. Hien huet déi vermësste Persoun séier erëmfonnt a seng Hondsmeeschtesch geruff.
Am In- an Ausland kennt d’Hondsstaffel vun der Croix-Rouge zum Asaz. Déi lescht international Missioun war op Haiti wéinst dem Äerdbiewen am Joer 2010. Den Ament gi si méi hei zu Lëtzebuerg gebraucht.
A Bëscher, Carrièren oder ënnert anerem an de Kasematte ginn des Exercicer organiséiert. Am Ausland ginn awer och Stagen ofgehalen.
D’Croix-Rouge sicht den Ament nach Leit déi sech wëlle benevole bei der Rettungshondstaffel engagéieren.
