1. Puppelchen 2021D'Romy Tornaboni war dat Éischt!

RTL Lëtzebuerg
14 Minutten no Mëtternuecht ass den éischte Puppelchen am neie Joer zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.
© Domingos Oliveira

3,110 Kilo schwéier ass dat klengt Meedchen, dat e Freideg op Neijoerschdag d'Liicht vun der Welt am CHL erbléckst huet.

Mir felicitéiere ganz häerzlech a wënschen de frëschgebakenen Eltere Caroline Smolinski a Mathieu Tornaboni alles Guddes!

1. Puppelchen 2021
14 Minutten no Mëtternuecht ass am CHL den éischte Puppelchen am neie Joer zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

Back to Top
CIM LOGO