Am Ausland par konter sinn Dronen a ganz ënnerschiddleche Missiounen am Asaz, vun deenen d’Prototyppen an enger Garage zu Uespelt gebaut goufen. De Marc Hoscheid war bei d’Famill Schroeder kucken, déi eng Dron entwéckelt huet, déi an Zukunft am Noen Osten aktiv kéint sinn.
D’Fléien huet de Frank Schroeder schonn als Kand faszinéiert. No an no huet hie sech vu klenge Fligeren aus Plastik u méi grouss Modeller erugetraut. Haut baut de Frank Schroeder a senger Fräizäit zesumme mat sengem Bouf Ryan ënnert anerem Dronen, déi mat Turbinnen ugedriwwe ginn. Wärend si d’Dron u sech selwer an hirer Garage zu Uespelt zesummebauen, kréie si d’Turbinne vun enger däitsch-éisträichescher Firma, als Géigeleeschtung fir hir Aarbechtskraaft, gratis zur Verfügung gestallt. An dës Turbinne sinn definitiv net fir Spillsaache konzipéiert.
“Déi huet eng Kraaft vu 500 Newton, dat sinn ongeféier 50 Kilo Schub, se ka bis 60 Kilo liwweren. Si huet ee Verbrauch vun zwee Liter d’Minutt, also do leeft schonn eng jett Kerosin bezéiungsweis Pëtrol duerch d’Leitungen. Wann ee se géing ofschalten, kritt een domat Fluchzäite vu bis zu zéng Minutten”, esou de Frank Schroeder.
Dës Energie gëtt och gebraucht, d’Multifunktiounsdron huet ëmmerhin eng Längt vu 4,5 Meter, eng Spanwäit vun 3,2 Meter an ee Gewiicht vu 77 Kilo, wann den Tank voll ass. Wéi d’Bezeechnung verréit, ka se op ganz ënnerschiddlech Aarte genotzt ginn.
“Dat heiten ass eng Target, déi gëtt bei Trainingsübungen ofgeschoss. Déi flitt viru Kampfjetten an déi ameséiere sech, se ofzeschéissen an Übungen dermat ze maachen. Et gëtt och eng Opklärerversioun, do ass d’Nues ganz duerchsiichteg mat Kamera- an Infraroutsensoren, fir owes Hëtzebiller a Loftopname kënnen ze maachen. Da gëtt et och d’Versioun, wou ee Sprengstoff kann dra maachen, amplaz vun engem Fallschierm. Et gi vill Optiounen”, erkläert de Ryan Schroeder.
Am Fong hätt eng vun den Dronen an d’Ukrain geliwwert solle ginn, mee rezent huet op enger Ausstellung an Däitschland den israelesche Verdeedegungsministère Interessi gewisen. Dem Frank an dem Ryan Schroeder ass bewosst, datt d’Dronen, déi op hire Prototyppe baséieren, benotzt kënne ginn, fir Mënschen ëmzebréngen.
“Natierlech huet een do och moralesch Bedenken. Mee et ass wéi ech soen, bei sou enger Dron stelle mir de Grondkierper hier, mir stellen d’Basis hier, mir stellen d’Verfügbarkeet hier, wat s de dermat kanns maachen. Et ass wéi dat léift Kichemesser, du kanns Brout dermat schneiden, mee du kanns och d’Fra dermat ëmbréngen, oder ëmgedréint d’Fra de Mann ëmbréngen”, esou nach de Frank Schroeder.
Och wa seng Fra d’Passioun fir d’Fléien net deelt, geet et bei der Famill Schroeder awer méi friddlech erof. A mam Loïc steet och schonn deen zweete Bouf vum Frank Schroeder an de Startlächer, fir sech am Familljebetrib, dee keen ass, ze engagéieren.