Urbanismus an der StadD'Rue de l'aciérie vu muer

Monique Kater
Ales an Neies fir Awunner, Entreprisen a Stadbild vun Hollerech: Direkt e puer urbanistesch Highlighte stoungen um Ordre du Jour vum Stater Gemengerot.
Urbanismus an der Stad
Ales an Neies fir Awunner, Entreprisen a Stadbild vun Hollerech: Direkt e puer urbanistesch Highlighte stoungen um Ordre du Jour vum Stater Gemengerot.

Engersäits d’Ännerung vum Bebauungsplang fir den neie Sëtz vun den CFL – dee Projet integréiert jo d’Gebai aus de 50er Joren a wäert eriwwer goe bis an d’Vullegaass. En zweete Bauprojet ass deen tëscht der Rue de l’aciérie an der Hollerecher Strooss, do wou an der Zäit Restauranten, Baren a Commerce waren. Hei a vis-à-vis op den Terraine vu Paul Wurth entsteet jo en neie Quartier – hei deen Deel ouni Logement.

E Site wéi deen hei, en Industriesite matzen an der Stad an déi modern Konzeptioun vu Liewen a Schaffen integréieren: Genee dat kënnt dësem Architektebüro zu Pass. Eemol zerstéiert, heescht fir ëmmer fort, seet de Shahram Agaajani, deen dat Aalt wëllt revitaliséieren, andeems et eng nei Affektatioun kritt. Wa fréier hei geschafft ginn ass, gouf virun e puer Joer nach fatzeg Party gemaach; deemnächst wäert de Carré Rotondes, also op der lénker Säit, wann ee Richtung Escher Strooss fiert, esou ausgesinn. Nee Stopp! Dat hei war am PAP decidéiert, si hätten awer eng aner Iddi gehat, erkläert den Architekt Shahram Agaajani. De PAP, esou wéi en decidéiert war, hätt fir e Projet gestanen, deen net wierklech am Intressi vum Quartier a senger Architektur gewiescht wier. Si hätte gewosst, dass se mat engem alternative Projet e Risiko géingen agoen, net geholl ze ginn. An awer goung d’Rechnung op.

Eng Propos also vun engem Architektebüro, dee sech net minutiéis un Reegele gehalen huet. Domadder géing eppes entstoen, dat de Mënsch am Quartier, mee och d’Entreprise vu Paul Wurth géing abannen. Null Logement, mee Büroen an awer Stadliewen, sou d’Visioun vum Architekt Shahram Agaajani: si hätte probéiert, dës Cohabitatioun ze schafen: d’Kantin gëtt owes Restaurant, de Parking ëffentlech, den Auditoire eng Concertshal ...eng Interaktioun, en inklusive Projet.

Dëse Projet ass wéi gesot déi eng Säit vun der historescher Aarbechterstrooss, der Aciérie. Wat vis-à-vis gebaut gëtt, gëtt de Complement mat Wunnengen.

Back to Top
CIM LOGO