
Wéi et op Nofro hi vum Wirtschaftsministère heescht, géif et et sech dobäi ëm Aarbechten handelen, fir den Terrain nees propper ze maachen an en en Vue vun der ekonomescher Aktivitéitszon, déi soll dohi kommen, ze developpéieren.
Iwwerdeems deelt de Ministère mat, dass den Ament och Accèsen erschloss ginn, fir déi nei Aktivitéitszon u Vëlos- an Trëppelweeër unzebannen. De Vëloswee vun der Zon wäert dann och un den nationale Vëloswee ugeschloss ginn, dee laanscht d’Aktivitéitszon geet.

Um Terrain laanscht d’Autobunn, op deem fréier d’Wierk vun der Twinerg war, wäert sech d’Firma Joskin installéieren.