D'Schoulorganisatioun op der Gare gouf e Freideg de Moien am Stater Gemengerot vun der DP-CSV Majoritéit gestëmmt. Domadder gouf d’Propositioun vum Schoulkommitee verworf, fir Schüler aus der Michel Welter Strooss an d’Rue du Commerce ze schécken an ëmgedréint. D’Fusioun hätt zu méi klenge Klasse gefouert, engem besseren Encadrement a fir eng besser sozial a kulturell Mixitéit gesuergt, bedaueren enttäuschten Elterevertrieder. De ganze Schoulkommitee wëll nächst Woch zrécktrieden.
D’Garer Kanner aus der Géigend vun der Stroossbuerger Stroos wäerten deemno och weiderhin an d’Schoul an d’Rue du Commerce geschéckt ginn. Déi aus dem méi rouege Quartier ronderëm d’Michel Welter Strooss wunnen, bleiwen do an der Schoul. Dat wär ongënschteg, bedauert d’Tifenn Layr-Eyraud, där hiert Kand an der rue du Commerce an d’Schoul geet. Et géif dach eng grouss Differenz tëscht de Schoulkanner déi hei an deenen aus der Michel Welter Schoul. Di schoulesch Reorganisatioun hätt een eng gutt Mixitéit erméiglecht.
Eng sozial a kulturell Mixitéit, déi zu méi Zesummenhalt an enger besserer Integratioun vun de Kanner féiere kann. D’Schoul bei der Stroossbuerger Strooss hëlt nämlech d’Primoarrivanten aus dem Quartier op, Flüchtlingskanner, déi nach méi Appui brauche wéi aner Schüler. Dat géif d’Schoulorganisatioun schwiereg maachen, seet d’Jutta FILOT – Elterevertriederin a Mamm vun 2 Kanner an der Rue du Commerce. Am Laf vum Joer kéimen ëmmer nach Kanner bäi a grouss Klasse géifen doduerch riskéieren nach méi grouss ze ginn. Well een hei eng ganz gemëschte Populatioun hätt, wär de Risiko grouss, datt een da schoulesch net esou gutt virukéim, seet si.
Di schoulesch Entwécklung war nieft der verluerener Proximitéit eng vun de Suerge vun den Elterevertrieder aus der Michel Welter Strooss, déi sech jo vehement géint d’Fusioun vun de Schoule gewiert hunn. An hire Wëllen um Enn duerchgesat kruten. Hir Kanner bleiwen elo an deem mi klenge, familiäre Kader.
D’Séverine Callens, eng weider Elterevertriederin aus der Rue du Commerce, seet si kéint d’Suergen novollzéien, si hätt och ugangs Angscht gehat fir hiert Kand an di grouss Schoul ze schécken. Si wär awer ganz schnell rassuréiert ginn, well “immens Leit do schaffen a well mäi Kand sech ganz gutt spiert”.
D’Argument vun der Proximitéit vun de Schoule loossen d’Elterevertrieder net gëllen. Zum engen, well de Precoce vun der Gare souwisou schonn hei an der Rue du Commerce wier. De Cycle 1 an der Adolphe Fischer Strooss ass an di mi grouss Kanner an der Rue Michel Welter wieren. Verschidden Eltere missten deemno souwisou schonn all Moien an 3 Schoule misste goen.
Als Gemeng hätt ee Verständnis fir d’Elteren an d’Kanner gewisen, datt si net esou abrupt aus der méi klenger Schoul wéilten erausgeholl ginn, seet di zoustänneg Schoulschäffe Colette Mart. An dofir agewëllegt elo mol nach esou weider ze fuere wéi bis ewell. Vun der Rentrée 2022 un, sollen dann awer all d’Kanner déi am Cycle 1 ufänken, zesummen ageschoult ginn. Esou géife si sech kenneléieren a Frëndschaft schléissen, dat kéint och d’Eltere berouegen an Ängschten huelen.
Ausserdeem krut d’Garer Schoul 2 zousätzlech Poste vum Educatiounsministère accordéiert fir de méi schwierege Konditiounen op der Gare Rechnung ze droen.
D’Elterevertrieder aus der rue du Commerce bedaueren trotzdeem d’Decisioun vun der Gemeng lo mol nach alles beim Alen ze beloossen. Domadder wär den Interessi vu Wéinegen iwwer dee vun der Allgemengheet gestallt. De Schoulkommittee vun der Gare iwwerdeems fillt sech vun der DP an der CSV am Stach gelooss, heescht et an engem Schreiwes, dowéinst Zitat “wäert de ganze Comité, nom Vott vun e Freideg, zesummen demissionéieren.” Dat soll nächst Woch geschéien. “Dës engagéiert Equipe, déi zum Deel säit 2009 am Schoulkommitee ass, wäert lo d’Zäit an d’Energie, déi d’Aarbecht am Comité kascht huet, an den Alldag mat de Kanner stiechen,” heescht et weider.