Eng lieweg TraditiounD'Schüler aus dem Fieldgen pilgeren an d'Oktav

Marc Hoscheid
Op zwou Massen opgedeelt, waren um Méindegmoien eng 1.600 Schüler vun der kathoulescher Privatschoul an der Kathedral mat dobäi.

Zanter e Samschdeg ass d'Muttergottesoktav nees amgaangen. Wann ee sech Fotoen oder Videoe vun de Massen ukuckt, da kann een alt mol den Androck kréien, datt den Duerchschnëttsalter vun de Participanten e bëssi méi héich ass. E Méindeg de Moie war dat awer definitiv net de Fall, do goufen nämlech direkt zwou Masse fir d'Schüler vum Fieldgen gehalen.

Schüler aus dem Fieldgen pilgeren an d'Oktav / Reportage: Marc Hoscheid

Eng 1.600 Jonker drécken am kathoulesche Privatlycée Fieldgen d'Schoulbänk. Fréier si si all zesummen an eng Mass gaangen, ma zanter dem Poopst Franziskus sengem Besuch zu Lëtzebuerg am September 2024 ginn aus Sécherheetsgrënn net méi wéi 1.000 Leit mateneen an d'Kathedral gelooss, sou datt elo ëmmer zwou Masse gehale ginn. D'Schüler si verflicht, do dobäi ze sinn. Ma dat schéngt si awer net ze stéieren.

"Ech fannen dat ass eng Traditioun an ech fannen et gutt, datt eis Schoul dat mécht an datt se dat nach ëmmer mécht, well vill Leit vergiessen, wat wierklech Oktav ass.""Jo, dat ass ganz gutt, dat ass eng kleng Ofwiesslung, manner Schoul och. A sou hu mer wéinstens och e bëssi eise Spaass an hunn e bëssi Beweegung dobäi.""Ech fannen et ass gutt, well et ass ee klenge Pèlerinage bis dohinner an och déi Leit, déi nach ni do waren, kënnen erausfanne wat et ass a si kënne biede wa se wëllen oder net. An et ass eng schéi Kathedral, et ass och ganz kulturell."

Och d'Proffen hunn den Androck, datt d'Schüler gären an d'Oktav pilgeren. Ma och fir d'Léierpersonal ass et ee besonnesche Moment.

"Ech fannen et flott, et ass eng Traditioun bei eis an ech mengen d'Schüler maachen dat gären. Dat ass e bëssi automatesch, jo, si maachen dat gären."

"Fir mech, mee ech mengen och fir aner Leit ass dat ee ganz besonnescht Evenement am Schouljoer. Mir si jo eng kathoulesch Privatschoul an et ass u sech ganz schéin, datt mer dann alleguer zesummen an d'Kathedral ginn, an d'Oktav an als Gemeinschaft bei d'Muttergottes pilgeren. Och déi Tatsaach, datt mer zu Fouss dohinner ginn, ass u sech ee ganz schéine Moment, dee fir mech einfach zum Schouljoer gehéiert."

Dëst Joer ass d'Thema vun der Oktav "Mënsch sinn, hei an elo" an dozou passt, datt dëst Schouljoer am Fieldgen ënnert dem Motto "Choose Respect" steet. Virun deem Hannergrond hunn eng Partie Schüler dann och eng Erzielung aus der Bibel nogespillt, wou ee Geläämte bei de Jesus bruecht a vun dësem geheelt gëtt. Dëst wier ee gutt Beispill fir ee respektvollen Ëmgank mateneen, esou den Dechen Edmond Ries. 4 bis 5 Leit géinge mierken, datt ee Member vun hirer Communautéit feelt, si gi bei en, loossen hien net einfach leien, mee droen hien, géint all Hënnernesser, bei de Jesus, fir datt hie gehollef ka kréien.

De Fieldgen ass wéi gesot eng kathoulesch Privatschoul, ma wéi erliewen déi Jonk dat am Alldag, spillt Relioun do eng grouss Roll?

"Also virdru méi, well d'Schwësteren dunn nach de Cours gehalen hunn, haut ass et bëssi manner, mee mir hunn nach ëmmer Massen, zum Beispill fir Ouschteren, fir den Ufank vum Schouljoer, fir d'Enn vum Schouljoer. Mir hu scho vill Massen an eiser Schoul."

"Et ass scho wichteg, mir hunn och all Moien ee Gedanke vum Dag, also eis Schoul ass richteg reliéis."

"Also an eiser Schoul ass scho méi Relioun. Ech sinn zum Beispill net an enger Relioun, mee ech respektéieren dat awer."

Och d'Proffe gesinn d'Roll vun der Relioun am Fieldgen positiv. D'Paschtéier géingen dës jugendgerecht vermëttelen, sou datt et vun de Schüler akzeptéiert gëtt.

A wat d'Oktav ugeet, déi dauert nach bal zwou Wochen a kënnt den 10. Mee mat der grousser Schlussprozessioun op een Enn.

Back to Top
CIM LOGO