Um Samschdeg huet Conter den drëtten an decisive Match iwwerraschend mat 70:64 auswäerts géint d'Sparta gewonnen an sech domat den Ticket fir d'Finall geséchert.
D'Gäscht hu vun Ufank u mat kollektivem Spill iwwerzeegt an sech e Virsprong eraus gespillt. Bartreng hat no der Verletzung vun der Profispillerin Adryana Quezada mam Saquita Joyner kuerzfristeg eng nei Profispillerin am Kader. D'Lokalekipp hat och Schwieregkeete säi Rhythmus ze fannen a louch an der Paus 23:38 am Réckstand. Eréischt am véierte Véierel huet d'Jordan King Bartreng mat 14 Punkten noeneen nees zeréck an d'Partie bruecht. Conter huet säi Virsprong allerdéngs bis zur Schlusssireen verdeedegt a konnt jubelen.
Bei de Gäscht hu fënnef Spillerinnen zweestelleg getraff, d'Stefanie Kulesza koum op 21 Punkten.
Halleffinallen
Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck an eegener Hal mat 89:71 géint d'Amicale Steesel duerchgesat a geet domat an der Serie 1:0 a Féierung. Schonn an der éischter Hallschecht huet d'Lokalekipp duerch e schnell Spill an eng staark Trefferquot iwwerzeegt, d'Gäscht vu Steesel konnten dësen Tempo net matgoen a louch an der Paus 32:46 am Réckstand. Ettelbréck huet de Virsprong nom Säitewiessel weider ausgebaut an um Enn souverän gewonn. De Philippe Gutenkauf huet 25 Punkten fir d'Lokalekipp geworf.
D'Sparta Bartreng huet e Samschdeg den éischte Match vun der Serie géint den T71 Diddeleng mat 73:67 gewonnen.
Bartreng huet d'Partie am Ufank dominéiert a louch nom éischte Véierel 21:7 a Féierung. Diddeleng huet am zweete Véierel en anert Gesiicht gewisen an ass no engem Dräier vum Christopher Jack mat enger 37:34 Féierung an d'Paus gaangen. Fir d'Sparta koum och nach déi schlecht Noricht dobäi, dass de Profi Iwuakor kuerz virum Säitewiessel misst verletzungsbedéngt vum Terrain goen. An enger spannender Schlussphas huet Bartreng sech behaapt, virun allem de Yannick Verbeelen (26) huet der Partie säi Stempel opgedréckt. De Jarvis Williams koum och op 26 Punkten fir d'Lokalekipp.
Playdown
Am Playdown steet de Racing Lëtzebuerg no dräi Spilldeeg eleng un der Tabellespëtzt. Mat engem "buzzer-beater" vum Brendan Temple setzt sech d'Lokalekipp 93:91 géint d'Musel Pikes duerch. Den Antunio Bivins koum op 28 Punkten beim Racing.
Mamer wënnt auswäerts mat 92:76 géint Conter. Bei de Gäscht konnt den Domenick Sleva mat 40 Punkten an 25 Rebounds iwwerzeegen, den Nationalspiller Davy Rocha stoung iwwerdeems nees fir Mamer am Kader.
An der Nationale 2 bei den Hären ass eng Entscheedung gefall. Zolwer spillt nächst Saison an der Enovos League, d'Ekipp huet vun enger Néierlag vun Hiefenech profitéiert an séchert sech dräi Spilldeeg viru Schluss eng Opstigsplaz.