Mamer/CapellenD'Sich no den 2 flüchtege Persoune gouf agestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut gemellt, dass op der A6, op der Héicht vun der Sortie Mamer e puer Persounen aus engem Camion gesprongen a fortgelaf sinn.
© Domingos Oliveira / RTL

D'Police huet um Dënschdeg de Moien am Raum Mamer no zwou männleche Persounen gesicht, déi géint 7 Auer op der Areler Autobunn, op der Héicht vun der Sortie Mamer aus engem Camion gespronge waren, deen am Stau stoung.

Si hunn sech dono Direktioun Mamer ewech gemaach.

© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police an engem Communiqué matdeelt, hätt et sech ëm am ganze 5 Männer gehandelt, aus dem Unhänger gesprongen an Direktioun Mamer fortgelaf sinn. Direkt e puer Policepatrullen goufe mobiliséiert. Och de Policehelikopter war am Asaz. 3 Persoune konnte zimlech séier festgeholl ginn. Et handelt sech dobäi wahrscheinlech ëm Flüchtlingen, aus deels verschiddene Länner.

Vun deenen aneren zwou Persoune feelt nach ëmmer all Spuer. Géint 10 Auer koum d'Meldung vun der Police, dass d'Sich virleefeg gestoppt gouf.

Et ass den Appell un d'Populatioun, am Fall wou ee suspekt Persounen am Raum Mamer gesäit, direkt den 113 ze kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO