Statec-Rapport"D'sozial Kohäsioun ass ënner Drock"

Marc Hoscheid
E Freideg gouf den neie Rapport vum Statec zesumme mat der Familljeministesch Corinne Cahen an der Coque presentéiert.
Aarmut geet weider an d'Luucht
“D’sozial Kohäsioun ass ënner Drock”, war den Titel vum neie Statec-Rapport, deen e Freideg presentéiert gouf.

D’sozial Kohäsioun ass ënner Drock”, war den Titel vum neie Statec-Rapport, aus deem ënnert anerem ervirgeet, datt besonnesch déi finanziell schwaach Stéit ënnert der Hausse vun der Inflatioun leiden.

De Statec huet dann och opgrond vun Ëmfroen e Referenzbudget ausgerechent, also d’Suen déi ee bréicht, fir hei am Land en dezent Liewen ze féieren. Dat hänkt natierlech vun der Zesummesetzung vum Stot of an dovunner, wéi vill e Stot schafft. Fir eng Koppel mat engem Kand, dat manner ewéi 6 Joer huet, wieren dat 3.608 Euro Netto de Mount. Wéi d’Zuele weisen, géingen och all déi Leit, déi de Revis kréien iwwert dee Seuil kommen. Eenzel Fäll erreechen awer mam Mindestloun eleng net de Referenzbudget, sou zum Beispill eenzel elengerzéiend Elteren, déi net 100% kënne schaffen. Dofir ginn et awer Hëllefen, déi ee kann ufroen, fir den Ecart z’iwwerbrécken.

Et kann een net genuch betounen, datt niddreg Verdénger a Leit mam Revis all déi Allocatiounen a Subventioune mussen ufroen, déi se zegutt hunn, mee se net automatesch kréien. Dem leschte Stand no géinge ronn 30% net all d’Hëllef ufroen. D’Familljeministesch Corinne Cahen huet dowéinst drop higewisen, datt d’Regierung decidéiert huet, d’Personal vun den Offices sociauxen ëm 50% opzestocken. Donieft géing een un der Digitaliséierung vun den Hëllefe weider schaffen.

D’Corinne Cahen huet ons iwwerdeems matgedeelt, datt aktuell ronn 10.000 Stéit hei am Land Beneficiairë vum Revis sinn, dorënner ronn 6.700, déi och en anere Revenu hunn. Schaffe wier ëmmer besser, ewéi just Revis ze kréien, sou d’Corinne Cahen. Si huet betount: “et ass e falscht Bild, ze mengen, datt do Leit doheem géinge sëtzen an einfach géinge Suen heem geliwwert kréien”. Mat der Reform vum RMG, elo Revis, wier ebe grad dofir gesuergt ginn, datt ee muss “aktivéiert” sinn.

D’Familljeministesch huet och deklaréiert, datt een iwwert déi nächst Méint a Joren iwwert d’Majoratioun vum Kannergeld vun 12 Joer un eng Kéier misst schwätzen. De Rapport vum Statec huet nämlech confirméiert, datt Kanner méi deier ginn, wa se méi al ginn. Ronn 3.600 Euro brauch eng Koppel mat engem klenge Kand hei am Land fir uerdentlech ze liewen, fir eng Koppel mat 3 Kanner sinn et knapp 5.200 Euro.

Annoncéiert Rezessioun viraussiichtlech “relativ mëll”

Duerch d’Bremsen op d’Energiepräisser, déi op der Tripartite decidéiert goufen, soll d’Inflatioun d’nächst Joer jo vu 6,6% op 2,8% erofgedréckt ginn.

Un deene Previsiounen huet sech aktuell näischt geännert, sou den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza um Bord vun enger Konferenz e Freidegmoien. An de Kulisse vun der Chamber war déi lescht Deeg d’Ausso zirkuléiert, datt et trotz Mesurë vun der Tripartite duerchaus 3 Indextranchen d’nächst Joer kéint ginn, also eng méi ewéi erwaart. De Serge Allegrezza sot an de Previsioune wier “näischt esou dran”. Déi nächst Tranche soll de Previsiounen no Ufanks 2023 erfalen.

“Mat all deem, wat ronderëm eis passéiert”, kéint een awer souwisou “näischt ausschléissen”. Aktuell gesäit ee just, datt eng Rezessioun an onsen Nopeschlänner probabel wier, déi dem Statistiker no d’Inflatioun u sech géing erofdrécken. Den Direkter vum Statec erwaart sech awer éischter eng “relativ mëll” Rezessioun.

Aus dem Rapport “Aarbecht a sozial Kohesioun” vum Statec geet da weider ervir, datt all 5. Persoun hei am Land dem Aarmutsrisiko ausgesat wier. 116.000 Leit hätten d’lescht Joer ënnert dem Seuil vum Aarmutsrisiko gelieft, dee bei 2.177 Euro de Mount läit. Carrement aarm wieren iwwerdeems 2,6% vun de Leit, also eng 16.000 Leit. 2021 waren 19,2% vun de Leit vum Aarmutsrisiko betraff.

34% vun de schaffende Leit hunn am 2. Trimester dëst Joer iwwregens Teletravail gemaach. Lëtzebuerg ass domat an Europa mat vir bäi, no Holland a virun der Schwäiz a Finnland.

Back to Top
CIM LOGO