Natierlech wier et enttäuschend, u Stëmmen a Popularitéit ze gewannen an awer net mat ze regéieren, mee elo géif et an éischter Linn drëm goen, fir fir sozial Gerechtegkeet ze suergen.
Et wier een net iwwerrascht, datt CSV an DP sech fonnt hätten. Am Géigesaz zu virun de Wale war et zanter dem Walsonndeg Funktstille tëscht den zwou meeschtgewielte Parteien am Land.
D’Francine Closener, Co-Parteipresidentin – LSAP: “Et war kloer, datt dat schwiereg gi wier, well mer awer a villen Hisiichte wäit ausernee leien. Sief dat an der Steier-, Finanz- oder Logementspolitik. Do wiere vill Kompromësser néideg gewiescht. Mir verkafen awer net eis Séil, fir déi Kompromësser ze maachen.“
Ob e lénken-Oppositiounsblock zesummefënnt, bleift ze klären, ma et géif ee sécher mat anere Parteie bei der Fro vun der sozialer Gerechtegkeet zesummefannen.
Mam Yves Cruchten, Dan Kersch a Lydia Mutsch hunn dräi Schwéiergewiichter et net méi an d’Chamber gepackt. Erfarungspunkten, déi engem sécherlech feele wäerten.
„Dat lescht annerhalleft Joer hu mer ganz vill drop gesat, fir nei Gesichter opzebauen an deenen och eng Chance ze ginn, fir se op Lëschte matzehuelen. Sief dat an de Gemengen- oder Chamberwalen. Dat huet sech och bestätegt, datt déi Leit, op déi mer gesat hunn, déi jonk Leit, datt déi ganz gutt Resultater gemaach hunn. An dat gëtt eis och Hoffnung.“
Eng zukunftsweisend Jugend. Bis ewell hätt kee vun den 11 Gewielte sech dozou geäussert, säi Chamber-Mandat net erfëllen ze wëllen. Och den Nach-Wirtschaftsminister Fanz Fayot huet op Nofro hi bestätegt, am héijen Haus Plaz ze huelen. Wéi d‘Zukunft ronderëm den aktuellen Ausseminister Jean Asselborn ausgesäit, bleift awer ongewëss.
Jean Asselborn, LSAP-Ausseminister: “Ech sinn elo nach an enger Regierung. Da kënnt eng nei Regierung an da sinn ech net méi dobäi. Dann huelen ech eng Decisioun, ob ech an d’Chamber ginn. Da kommen d’Europawalen. Dat gesi mer alles. Schéin, eent nom aneren.”
Eng europäesch Bün bleift also net auszeschléissen. De 24. Oktober ginn déi Gewielten an der Chamber vereedegt. Déi aktuell Regierungsmembere bleiwen am Amt, bis datt eng Regierung steet.