Plo fir d'AwunnerD'Stater Schwäin ginn ëmmer méi kéng

Monique Kater
1.055 Hektar vun der Haaptstad – dat sinn 20% vum ganzen Territoire – si Bësch a ginn och reegelméisseg vu ganz ville Leit als Noerhuelungsgebitt genotzt.
D'Stater Schwäin ginn ëmmer méi kéng
1.055 Hektar vun der Haaptstad – dat sinn 20% vum ganzen Territoire – si Bësch a ginn och reegelméisseg vu ganz ville Leit als Noerhuelungsgebitt genotzt.

Stater Wëllschwäin / Reportage vum Monique Kater

Fir den Houwald an Hamm ass dat de Fall a grad an deenen zwee Quartiere soen d’Awunner, se wieren ëmmer méi mat Wëllschwäi geplot, déi hinnen iwwert de Wee lafen oder carrement hir Gäert ëmplouen. Dass d’Wëllschwäin hir Schei virum Mënsch lues a lues verléieren, ass e Problem, deen net esou einfach ze léisen ass.

“I love Luxembourg City”! Esou en Abzebild géing gutt op eng Schwéngsham passen, well Wëllschwäi flippen den Ament op d’Stad. Op alle Fall déi aus dem Süd Osten. Hesper an Izeg sinn out, den Houwald an Hamm dofir “in” - eng reegelrecht Attraktioun - fir si mee och fir eis. Beispill: Virum Hammer Hospice Civil missten elo Blumme bléien, kréie mer erzielt... – ma Neen – et ass wéi wann een all Gréngs, vu Muttwëll, ëmgeplout hätt! Dat ass eng vun de Kloen, déi de Romain Reuland vum Interesseveräin, notéiert huet.

Iert d’Zuchstreck nei gemaach ginn ass, gounge se bis op den Cents wullen. Haut wier de Passage bei der Polvermille blockéiert. De Bësch an d’Felder op der Säit vun der Uelzecht leien an engem Juegdlous, dat der Stad gehéiert.

Wéi gëtt eigentlech gejot, esou no bei Haiser? Dat wollte mer vum zoustännege Service Forêts wëssen. Äntwert: Frot d’Naturverwaltung! Dobäi huet d’Stad Beruffsjeeër an en Ofschossplang dee fir Hamm bis 2024 Null Schwäi virgesäit.

De Service Forêts trëfft elo op alle Fall de Jeeër vun Hesper, deem säi Juegdlous un den Houwald grenzt a wou d’Gäert scho Schwéngs-Terrain sinn, dat Ganzt fir zesummen eng Léisung ze sichen. Mir kommen heirobber zréck.

Back to Top
CIM LOGO